E bedéngungslost Grondakommes oder 800 Euro Biergergeld ...

RTL (www.rtl.lu)  - 03.12.2009

... an e Complément RMG?

Haut den Owend 2. Dezember war d’Thema an der Sendung Kapital op RTL Tele-Lëtzebuerg "Biegergeld" oder "Grondakommes". Wéi ech göschter héieren haat, dass haut dat Thema geng kommen, haat ech geduecht et wir domat d’Thema bedengungslost Grondakommes gemengt, wéi et de Psycholog Alfred Groff firu kuerzem an den Norichten op RTL-Radio lancéiert haat (Diskussionsforum op http://www.mtk.lu/bge.html) an och an engem Lieserbréif erklärt huet (http://news.rtl.lu/commentaire/lieserbreiwer/47321.html). Daat haat mech begeeschtert, an ech hun ugefang mech iwert daat Thema ze informéieren. Mais den Owend ass daat Wuert "bedengungslos" net een enzegt Mol gefall, an grad daat ass jo déi nei zukunftsweisend Idee dobei, all de Räscht ass jo kaale Kaffi.

Am Intro goef haut gesoot, Biergergeld hett neischt mat RMG ze doen, a bessi méi speid seet en Haer vun enger Initiativ Grondakommes Letzebuerg et soll een en amenagéierten depenaliséierten RMG aféieren?? An dee soll mat 50% "impôt sur le revenu" finanzéiert gin. Majo dann! E belschen Senator hätt leiwer méi Ökosteiren a manner Steiren op Dengschtleechtungen an huet Angscht mir gengen an d’Türkei akaafen. Wat dat mam Thema ze doen huet? Den Haer Hostert schwetzt am Studio vun enegem Biegergeld vun 800€! Da misst een jo e Complément RMG ufroen fir ze iwerliewen. D’Aarmutsgrenz leit laut dem Statec bei iwer 1500€ zu Letzebuerg, also soll den Aarmut mat Biergergeld vun daer Zort gefördert gin? Dann get och nach vun der Angscht virum Sozialtourismus geschwacht. Wann dat eng Gefor wir, missten awer och lo schons vill Auslenner op eisen RMG aus sin! Deen Enzegen, deen am Ganzen, a mengen Aan, eppes Verstenneches an daer Sendung zum bäschte gin huet, war den Haer Schanck vun de Biobaueren dee fir en Grondakommes fir Bauren plädert am Platz. An dest am Platz vun engem Subsidiéiren vu Maschinnen zum Détriment vun der menschlecher Aarbecht an op Käschten vun eiser Natur! E Biergergeld à la Kapital nee merci, e bedengungslost Grondakommes fir all Mensch fir menschewürdeg ze liewen, jo wannegglift!
 

http://news.rtl.lu/commentaire/lieserbreiwer_2009/50553.html